Virstellung vun der Divisioun
An der Kiwaniswelt, ass d'Divisioun Zweemol Lëtzebuerg déi eenzeg, déi iwwert d'Grenz eraus geet: si ëmfaast d'belsch Provënz vu Lëtzebuerg an de Grand-Duché Lëtzebuerg.
Si huet 14 Clibb, 8 zu Lëtzebuerg a 6 an der Belsch- ronn 350 Memberen- 10 Häreclibb, 1 Dameclub an 3 gemëscht Clibb.
D'Fonctioun vum Lieutenant-Gouverneur geet all Joer iwwert d'Grenz.
D'Dynamik vun de Clibb aus der Divisioun ass bewisen : d'Clibb huelen am Lokalliewen deel an hunn alleguer vill Pläng.
D'Divisioun Zweemol Lëtzebuerg empfänkt mat Begeeschterung dëst Joer de 15te Kongress vum Distrikt.





