d'Wuert vum Gouverneur FILIP DELANOTE

Kee Kiwanier wäert net dermat d'accord sinn, wann ech behaapten, datt de Kongress d'Kréinung vun all Kiwanisjoer ass.
Aus deem Grond, maachen ech Iech besonnesch op dëse 15. Kongress vun eisem Distrikt „Belsch-Lëtzebuerg“ opmierksam; de Kongress gëtt zu Arel am Weekend vum 9-10. September 2011 ofgehalen.
Déi grouss Efforten, déi den Organisatiounskomitee ënnerhëlt, fir datt dëse Kongress attraktiv, interessant a cool fir Är ganz Famill soll sinn, hunn en onschätzbare Wäert.
A wann dëse 15. Kongress och ouni Pannen ofleeft, wann e faszinant a beräichernd ass, dann hunn all déi Efforte wéineg oder iwwerhaapt kee Wäert, wann Dir net derbäi sidd oder wann Äre Club do net vertrueden ass.
Eise Kongress ass geduecht als eng Renconter, wou Dir als Kiwanier Iech sollt wuel fillen a Gedanken an positiv Initiativë sollt austauschen. Är Präsenz ass d' Bestätegung duerfir, datt mir solle weiderfueren ze schaffen an dësem neien an häerzleche Wand, deen an eisem Distrikt bléist, datt mir solle schaffen Hand an Hand fir d'Kanner, déi esou e fragilt Element an eiser Gesellschaft sinn.
Während eisem Kongress kënne mir zesummen d'Ausriichtung vun „Eiser Visioun vum Kiwanis“ bestëmmen, déi Dir an Äre Club Iech wënscht. Mat all den 175 Clibb mat 3 Vertrieder jiddereen.... ass dat realistesch?... mat Ärem Positivismus.... GANZ SECHER! Den Ausdrock“Merci, datt Dir derbäi sidd“ ass en HAERZlechen a RESPEKTvolle Waasserfall vu Wierder, déi Kraaft sinn fir Är Zukunft als Kiwanier an Ärem Club, Ärer Divisioun, Ärem Distrikt.
FILIP DELANOTE Gouverneur 2010-2011
Distrikt Kiwanis Belsch-Lëtzebuerg.




