d'Wuert vum Gouverneur FILIP DELANOTE

 

Kee Kiwanier wäert net dermat d'accord sinn, wann ech behaapten, datt de Kongress d'Kréinung vun all Kiwanisjoer ass.

Aus deem Grond, maachen ech Iech besonnesch op dëse 15. Kongress vun eisem Distrikt „Belsch-Lëtzebuerg“ opmierksam; de Kongress gëtt zu Arel am Weekend vum 9-10. September 2011 ofgehalen.

Déi grouss Efforten, déi den Organisatiounskomitee ënnerhëlt, fir datt dëse Kongress attraktiv, interessant a cool fir Är  ganz Famill soll sinn, hunn en onschätzbare Wäert.

A wann dëse 15. Kongress och ouni Pannen ofleeft, wann e faszinant a beräichernd ass, dann hunn all déi Efforte wéineg oder iwwerhaapt kee Wäert, wann Dir net derbäi sidd oder wann Äre Club do net vertrueden ass.

 Eise Kongress ass geduecht als eng Renconter, wou Dir als Kiwanier Iech sollt wuel fillen a Gedanken an positiv Initiativë sollt austauschen. Är  Präsenz ass d' Bestätegung duerfir, datt mir solle weiderfueren ze schaffen an dësem neien an häerzleche  Wand, deen an eisem Distrikt bléist,  datt mir solle schaffen Hand an Hand fir d'Kanner, déi esou e fragilt Element an eiser Gesellschaft sinn.

Während eisem Kongress kënne mir zesummen d'Ausriichtung vun „Eiser Visioun vum Kiwanis“ bestëmmen, déi Dir an Äre Club Iech wënscht. Mat all den 175 Clibb mat 3 Vertrieder jiddereen.... ass dat realistesch?... mat Ärem Positivismus.... GANZ SECHER! Den Ausdrock“Merci, datt Dir derbäi sidd“ ass en HAERZlechen a RESPEKTvolle Waasserfall vu Wierder, déi Kraaft sinn fir Är Zukunft als Kiwanier an Ärem Club, Ärer Divisioun, Ärem Distrikt.

 FILIP DELANOTE                                                                                                       Gouverneur 2010-2011

Distrikt Kiwanis Belsch-Lëtzebuerg.

Read more...

d'Wuert vum Ltg Alain Borguet


Léif Kiwanis-Frëndinne, léif Kiwanis- Frënn,

Wëllkommen zu Arel an an  der Divisioun Zweemol Lëtzebuerg“!

De Kongress vun eisem Distrikt Belsch-Lëtzebuerg gëtt ofgehale vum 9. bis den 11. September 2011 an der Haaptstad vun der Provënz Lëtzebuerg: zu AREL.

Mir si glécklech, dës wichteg Renconter organiséieren ze dierfen an Iech eis wonnerbar Divisioun, déi aus 14 Clibb a ronn 300 dynameschen an  häerzleche Membere besteet, entdecken ze loossen.

De 15. Kongress vum Kiwanis Belux gëtt a Grand Cru. Ronn 25 Member vun Arel a vu Baaschtnech déi ënnerstëtzt gi vun anere Clibb bereeden Iech e Weekend vir,  den Dir net esou bal wäert vergiessen.

D'Iessen ass aussergewéinlech, Géigend wonnerbar, an all Mënsch huet a Laachen am Gesiicht. Well mir Iech méi laang bei eis hale wëllen, huele mir d'Traditioun nees op, eng Gala-Soirée mat der Passatioun vun de Gouverneuren ze maachen. Dir entdeckt eng kleng historesch Stad, hiren ale Quartier, hir Iwwerreschter aus der Vergaangenheet, hir Geschäfter, hir Gastronomie, hire „maitrank“, awer och déi aner Säit vun der Grenz, de Grand-Duché, d' Éislek an d'Gaume.

Wier uechte besonnesch op de Programm fir d'Begleedung an op de Programm fir d'Kanner, deen esou wichteg ass, fir datt déi jonk Memberen och kommen.

Mir hunn eis entscheet, a 4 Sprooche mateneen ze kommunizéieren; wann dat keng Erausfuerderung ass!

Den Areler Club an d'Divisioun Zweemol Lëtzebuerg freeën sech drop, vill vun Iech op dësem 15. Kongress z'empfänken an d'Aktioun vun eisem Gouverneur F. DALNOTE z'ënnerstëtzen.

Bis geschwënn, fir d' Éischt bei Iech fir d'Promotioun an am September zu Arel.

Alain BORGUET
L-G 2010-2011 & Direkter vum Kongress.

P.S: Ech erënneren drun: d'Clibb dierfen näischt während der Kongresszäit organiséieren. Merci